Wat ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung par Rapport zum Ophiewe vun der EU-Recommandatioun fir d’Maskeflicht an de Fligeren ?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Mobilitéitsminister weiderzeleeden.

Virun der grousser Reeswell am Summer revidéiert d’EU hir Bestëmmunge fir de Beräich vun der kommerzieller Aviatioun. Sou ass vu Méindeg, 16. Mee, u beispillsweis d’Recommandatioun fir d’Maskeflicht an de Fligeren opgehuewen.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch an un den Här Mobilitéitsminister stellen :

  • Wat ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung par Rapport zum Ophiewe vun der EU-Recommandatioun fir d’Maskeflicht an de Fligeren ?
  • Sinn d’Madamm an den Här Minister der Meenung, dass d’Maskeflicht an de Fligeren och zu Lëtzebuerg soll ewechfalen ?
  • Wa jo, vu wéini un ?
  • Wann net, firwat net ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Serge Wilmes

Zréck