Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mär Äech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil Max HAHN weiderzeleeden.
D’Gesetz vum 4. Dezember 2019 zur Schafung vum Office national de l’accueil (ONA), dat den 1. Januar 2020 a Kraaft getrueden ass, huet ë.a. zum Zil, d’Zesummenuarbecht tëschent de verschiddene Ministèren an den eenzelnen staatlechen a kommunale Verwaltunge besser ze koordinéieren. Op deem Wee soll e.a. d’Employabilitéit vun de Flüchtlingen an den Asylbewerber·innen verbessert ginn, fir esou d‘Integratioun ze fërderen. Den Artikel 3 vum ONA-Gesetz gesäit vir, datt den zoustännege Minister der Chamber all 5 Joer e Rapport muss virleeën.
An deem Zesummenhang wollte mär follgend Froen un den Här Familljeminister Max HAHN stellen:
- Wéi funktionéiert d’Zesummenuarbecht tëschent den eenzelne Ministèren a Verwaltungen an der interministerieller Plattform?
- Wéini kritt d’Chamber de Rapport, deen am Artikel 3 vum ONA-Gesetz virgesinn ass?
Här President, mär bieden Äech, eisen déifste Respekt unzehuelen.
Nathalie MORGENTHALER Marc SPAUTZ
Deputéiert Deputéierten
Zréck