Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a Verdeedegungsministesch weiderzeleeden.
De Bau vun engem neie Kontrolltuerm um Findel gouf vun der leschter Regierung an d’Weeër geleet an 2019 vun der Chamber approuvéiert. Och dës Regierung hält an hirem Koalitiounsaccord fest, dass d’Aarbechten fir de Bau vun dësem Tower sollen an dëser Legislaturperiod ugoen an et gëtt an Aussiicht gestallt, dass dëse ka virum Enn vun der Legislaturperiod a Betrib geholl ginn. Den Ausbau vun den Infrastrukturen um Findel ass eng erkläerte Prioritéit vun dëser Regierung an den neie Kontrolltuerm ass ee feste Bestanddeel dovun. Well eise Flughafen och vun der NATO genotzt gëtt a strategesch wichteg ass, hunn Investitiounen a seng Infrastruktur och ee potenziellen Néierschlag op eis Ausgabe fir d’Defense, déi sollen drastesch erop goen.
Zu dësem Thema wéilte mir der Madame Ministesch fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechten a Verdeedegungsministesch follgend Froe stellen:
- Wéini ginn d’Aarbechten fir de Bau vun engem neie Kontrolltuerm un?
- Wéini kann den neie Kontrolltuerm a Betrib geholl ginn?
- Gëtt de Bau vum neie Kontrolltuerm an den Ausgabe fir d’Defense geltend gemaach?
- Falls jo, fir wat fir een Undeel vum Käschtepunkt?
Här President, mir bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Marc Spautz Emile Eicher
Deputéierten Deputéierten
Zréck