Wat ass de leschten Informatiounsstand vun der Regierung zur Effikassitéit vum Vaccin vun AstraZeneca notamment wat d’Wierksamkeet géint déi südafrikanesch Mutatioun vum Virus ugeet?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

D’Diskussioune ronderëm den AstraZeneca Covid-Vaccin räissen net of an et huet een den Androck datt all Dag nei Informatioune géifen dobäi kommen déi zur Veronsécherung vun de Bierger bäidroen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Regierung stellen:

  • Wat ass de leschten Informatiounsstand vun der Regierung zur Effikassitéit vum Vaccin vun AstraZeneca notamment wat d’Wierksamkeet géint déi südafrikanesch Mutatioun vum Virus ugeet?
  • Wéi vill Fäll vun der südafrikanescher Mutatioun si bis haut zu Lëtzebuerg opgetaucht?
  • Vu que datt Dokteren a Wëssenschaftler kee Probleem bei sougenannte Mëschimpfunge gesinn, wier et evtl. och zu Lëtzebuerg eng Optioun Leit déi eemol mam AstraZeneca Vaccin geimpft goufen, eng zweete Kéier mat engem anere Produit ze impfen? Wann nee, aus wéi enge Grënn?
  • Wëssend datt déi franséisch Grenzregioun Moselle wéinst der südafrikanescher Variant vum Robert Koch-Institut als „Virusvarianten-Gebiet“ agestuuft gouf, ass d’Regierung lafend a Kontakt mat eisen europäeschen Nopere fir d’Situatioun an der Groussregioun ze koordinéieren?
  • Wéinst der grousser Onsécherheet an der Populatioun wat nei Virusvarianten an hir Resistenz géint verschidde Mutatiounen ugeet, wier et net ubruecht eng Informatiounscampagne ze lancéiere fir ze erklären datt e Schutz géint den initiale Virus awer noutwendeg ass?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Spautz

Deputéierten

Zréck