Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weiderzeleeden.
Beim Schülertransport fir d’Lycées-Schüler kënnt et ëmmer nees zu Problemer a Verspéidungen. Besonnesch dacks betraff sinn déi Schüler, déi wéinst dem Choix vun enger bestëmmter Sektioun net kënnen an e sougenannte Proximitéitslycée goen.
An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend an un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte riichten:
- Si sech déi Häre Minister der beschriwwener Transport-Problematik bewosst, déi opgrond vun der zousätzlecher Autonomie vun de Schoulen an der domadder verbonnener Diversifizéierung vun der Schouloffer entsteet?
- Wa jo, wat ass als Léisung ugeduecht, fir och deene Schüler, déi wéinst hirem Sektiouns-Choix a puncto Transport benodeelegt sinn, en adequaten a effizienten Transport an hire Lycée ze bidden?
-
- Wéi wëll d’Regierung dofir suergen, dass all Jugendlechen, egal wou en am Land wunnt, kann déi Ausbildung maachen, déi e wëll?
- A wéi wäit ass déi „spezialiséiert“ Offer vu verschiddene Lycéeë mam Konzept vum „Lycée de proximité“ kompatibel?
Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen
Co-Fraktiounspresidentin
Zréck