War de neien Direkter vum Fonds du Logement als Auditor bei der Consultingfirma PwC responsabel fir den Audit iwwert de Fonds du Logement aus dem Joer 2015?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro, fann der ënnert dësem Link: QP 778

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert de neie Direkter vum Fonds du Logement un Madamm Logementsminister weiderzeginn.

A senger Sëtzung vum 4. Juni 2019, huet de Verwaltungsrot vum Fonds du Logement eestëmmeg en neie Direkter fir de Fonds du Logement genannt deen dës Funktioun den 15. September 2019 wäert untrieden.

 

Laut Mengen Informatioune war dës Persoun a senger fréierer Funktioun als Auditor bei der Consultingfirma PwC responsabel fir den Audit iwwert den Fonds du Logement aus dem Joer 2015 deen zu der Reform vum Fonds du Logement gefouert huet, déi Chamber mam Gesetz vum 24 Abrëll guttgeheescht huet.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un Madamm Logementsminister riichten.

  • Stemmt et datt den neie Direkter vum Fonds du Logement um Audit iwwert den Fonds du Logement matgeschafft huet ?
  • Welch Zort vun Erfarungen huet dës Persoun am Beräich vum Wunnengsbau an dem Urbanismus?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Marc Lies

Deputéierten

 

 

Zréck