War de Generaldirekter vun der CMCM um Kaf vun zousätzleche Vaccinen intresséiert a wa Jo, waren déi zoustänneg Ministeren informéiert ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet an den Här Minister fir sozial Sécherheet weider ze leeden.

Rezenten Aussoen vum Dr. Claude Schummer no wier de Generaldirekter vun der Gesondheetsmutuelle CMCM (Caisse Médico-Complémentaire Mutualiste) um Kaf vun zousätzleche Covid-Vaccine interesséiert gewiescht.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

1.      Huet d’Regierung Kenntnis heivun a kann si déi Informatioune bestätegen?

2.      Wa jo, wëssend datt d’Statute vun der CMCM der Approbatioun vum Ministère vun der sozialer Sécherheet ënnerleien, war d’Regierung am Virfeld informéiert ginn iwwer déi eventuell Demarche?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Laurent Mosar                      Gilles Roth

Deputéierten                         Deputéierten

 

 

Zréck