Wäert vum 12. Februar bis de 16. Februar d’Kapazitéit vun de Busser der Demande tëschent Esch an Däitsch–Oth gerecht ginn?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un d’Madamm Mobilitéitsministesch weiderzeleeden.

Wéi am Communiqué vun der CFL matgedeelt, gëtt den Zuchverkéier tëschent Esch an Däitsch–Oth souwéi tëschent Beetebuerg a Wuelmereng vum 12. Februar bis de 16. Februar ugepasst. Et wäerten an dem Zäitraum keng Zich tëschent Esch an Däitsch–Oth fueren, mee et ginn Ersatzbusser agesat. Tëschent Beetebuerg a Wuelmereng wäert all zweeten Zuch ausfalen, mee déi Zich, déi fueren, kréie laut dem Communiqué genuch Sëtzplazen. Dës Mesure ginn op d’Käschten vum Vertrauen an den ëffentlechen Transport. An deem Kontext wollt ech folgend Drénglechkeetsfroen un d’Madamm Mobilitéitsministesch stellen:

  • Wäert Kapazitéit vun de Busser der Demande tëschent Esch an Däitsch–Oth gerecht ginn?
  • Em wéi vill gëtt d’Zuel vun de Sëtzplazen op der Streck tëschent Beetebuerg a Wuelmereng erhéicht?
  • Wéisou si grad dës zwou Strecke betraff?
  • Kënnen esou Ausfäll och mol ausserhalb vun de Schoulvakanze virkommen?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Françoise Kemp, Deputéiert

Zréck