Wäert d’Regierung d’Fro vun der Responsabilitéit am Fall vun enger Ustiechung mam HIV-Virus duerch Bluttkonserven nei reegelen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

An der Diskussioun ronderëm Diskriminatioun vun den homosexuelle Männer, déi hei zu Lëtzebuerg weiderhi kee Blutt spenden däerfen, hat de Generaldirekter vum Roude Kräiz gefuerdert, datt, am Fall vun enger Ustiechung, d’Fro vun der Responsabilitéit anescht misst geléist ginn, wéi dat haut de Fall ass.

Aktuell dréit dann nämlech d’Rout Kräiz d’Verantwortung selwer. An dat, obwuel all Bluttspend genee op den HIV-Virus iwwerpréift gëtt an all Spender, egal op Mann oder Fra, muss uginn, ob en an de leschte 4 Méint e Partnerwiessel hat, bleift e gewëssene Reschtrisiko, fir sech bei enger Blutttransfusioun mam Aids-Virus ze infizéieren. Ass dat de Fall, läit wéi gesot d‘Responsabilitéit bei dem Roude Kräiz, well si fir d’Kollekt vum Blutt zoustänneg sinn.

Fir den homosexuell Männer et ze erméiglechen, Blutt ze spenden, wëll ech d’Madamm Gesondheetsminister froen:

  • Wäert d’Regierung d’Fro vun der Responsabilitéit am Fall vun enger Ustiechung mam HIV-Virus duerch Bluttkonserven nei reegelen?
    • Wa jo, wäerte méiglech Affer an Zukunft direkt vum Staat indemniséiert ginn?
    • Wäert déi nei Reegelung och fir aner Krankheete gëllen, déi duerch Blutttransfusioune kënnten iwwerdroe ginn?
  • Wéi ass d’Fro vun der Responsabilitéit an eisen Nopeschlänner gereegelt?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Octavie Modert

Deputéiert

Zréck