Wäert deen am Koalitiounsaccord an Aussicht gestalte „Fonds d’indemnisation de l’aléa thérapeutique“ fir d’Schied, déi duerch multiresistent Keimen an de Klinicken entstinn, opkommen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Aus der Äntwert vum fréiere Gesondheetsminister op d’parlamentaresch Fro 671 vum 12. Juni 2019 geet ervir, dat de „Groupe National de Guidance en matière de
Prévention des Infections Nosocomiales“ (GNPIN) am gaange wier, allgemeng Recommandatioune fir den Ëmgang mat multiresistente Keimen an de Klinicken auszeschaffen. Op der Internet-Säit vum GNPIN ass bis haut keng nei Recommandatioun publizéiert ginn. An deem Kontext wollt ech folgend Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen.

  • Huet de „Groupe National de Guidance en matière de Prévention des Infections Nosocomiales“ mëttlerweil eng Recommandatioun fir den Ëmgang mat multiresistente Keimen an de Klinicken ausgeschafft?
    • Wa jo, wat recommandéiert de GNPIN a firwat sinn d’Recommandatiounen net publik gemaach ginn?
    • Wa nee, aus wat fir Ursaachen si keng Recommandatiounen ausgeschafft ginn?
    • Wéini wäerten des Recommandatioune publizéiert ginn?
  • Wäert deen am Koalitiounsaccord an Aussicht gestalte „Fonds d’indemnisation de l’aléa thérapeutique“ fir d’Schied, déi duerch multiresistent Keimen an de Klinicken entstinn, opkommen?
    • Wa jo, wéini wäert dëse Fong operativ sinn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen, Deputéiert

Zréck