Vu dat d’Bevëlkerung weider wiisst, ass d’Regierung net der Meenung, dat d’Produktioun vun Iess-, awer och vun Setzgromperen, misst ausgebaut ginn, fir d‘Versuergung vun de Leit laangfristeg ofzesécheren?  

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

Den Ubau vun Gromperen ass en traditionellt Standbeen vun eiser Landwirtschaft a spillt am Zesummenhang mat der Diversifizéierung vum Agrarsecteur eng wichteg Roll. Dat gëllt och fir d’Setzgromperen, wou d‘Produktioun staark op den Export ausgeriicht ass. Setzgromperegenossenschaft liwwert beispillsweis 85 Prozent vun hirer Produktioun a méi wéi 20 verschidde Länner, virun allem an Osteuropa, Nordafrika an an den noen Osten. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un den Här Landwirtschaftsminister stellen.

  • Wéi vill Setzgromperen sinn an de leschte 5 Joer zu Lëtzebuerg produzéiert ginn?
  • Wéi vill Setzgromepren sinn an de leschte 5 Joer an d’Ausland exportéiert ginn an a wat fir Länner?
  • Vu dat d’Bevëlkerung weider wiisst, ass d’Regierung net der Meenung, dat d’Produktioun vun Iess-, awer och vun Setzgromperen, misst ausgebaut ginn, fir d‘Versuergung vun de Leit laangfristeg ofzesécheren?
    • Wa jo, mat wat fir Mesuren wëllt d’Regierung d’Grompereproduktioun méi attraktiv maachen?
  • Ass d’Regierung der Meenung, dat Gromperen sollen als Geméis unerkannt ginn, fir dat d’Produzenten op déi selwecht Aiden kënnen zréckgräifen wéi d‘Gäertner?
    • Wann nee, firwat net?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

 

Zréck