Virum Hannergrond vun der aktueller sanitärer Kris, mengt d’Regierung net datt et evident ass vir d’réserve sanitaire, zu där d’médécins-vétérinaires gehéieren, zu all Moment asazbereet ze halen, an dës an deem Sënn prioritär ze impfen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.

 

D’ médecins-vétérinaires sinn zanter Enn Mäerz 2020 obligatoresch en tant que professionnels de santé  Deel vun der réserve sanitaire, An deem Kontext sinn d’médecins-vétérinaires 2020 och an de centres avancés deployéiert ginn.

De médecins-vétérinaires gouf vun der Madamm Gesondheetsministesch, duerch een Breif vum 17. Dezember 2020 un den Collège Vétérinaire an un d’AMVL  matgedeelt datt se en tant que professionnels de santé och Deel vun der réserve sanitaire wieren, genausou wei dei aaner medizinesch Beruffer a professionnels de santé. Se géingen deemno och prioritär Accès zu den Impfungen kréien, genausou wei déi aner medezinesch Beruffer a professionnels de santé . Am Artikel 9 vum Règlement Grand-Ducal vum 15. Dezember 2020 ass och festgehalen datt

«En cas de circonstances exceptionnelles, telles que des épidémies, des faits de guerre ou des catastrophes, le ministre ayant la Santé dans ses attributions peut […] accorder l’autorisation temporaire d’exercer pendant une période ne pouvant excéder douze mois les activités de : 1°médecin ou certaines activités relevant de l’exercice de la médecine aux médecins-dentistes et aux médecins vétérinaires ».

Elo gouf de Vétérinairen awer den 5. Mäerz 2021, erëm duerch een Bréif vun der Madamm Gesondheetsministesch matgedeelt ,datt d’réserve sanitaire reorganiséiert gi wier an datt bis dato elo awer net virgesinn wier op d’médecins-vétérinaires zeréckzegräifen an datt dës och keen prioritären Accès zu der Impfung hätten.

D’médecins-vétérinaires wieren zwar nach ëmmer an der réserve sanitaire mee se wieren aus dem cordon sanitaire erausgeholl ginn.

An Däitschland, souwuel ewéi an Frankräich gehéieren d’Vétérinairen zu de Gruppen mat prioritärem Accès zur Impfung.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Aus wéi engem Grond sinn d’médecins-vétérinaires ausgeluede ginn ?
  • Virum Hannergrond vun der aktueller sanitärer Kris, mengt d’Regierung net datt et evident ass vir d’réserve sanitaire, zu där d’médécins-vétérinaires gehéieren, zu all Moment asazbereet ze halen, an dës an deem Sënn prioritär ze impfen ?
  • Wëssend datt d’médecins-vétérinaires, duerch hier berufflech Presenz op diversen Niveau’en – chaîne alimentaire, santé et bien-être animal, Epidemiesurveillance, santé publique, laboratoires, Plan National Antibiotiques-One Health- een intensiven, souwuel quantitativ wéi qualitativ, Kontakt zu villen, dachs vulnerabelen Leit hunn, wou d’Anhale vun de gestes barrières dachs net méiglech ass duerch d’Interventioun u sech, aus wéi engem Grond ginn si net méi zum cordon sanitaire gezielt ?
  • Niewent de médecins-vétérinaires, wéi eng medezinesch Professiounen an professionnels de santé, sinn nach exclus vum cordon sanitaire, an domadder vun der prioritärer Impfung ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

 

Zréck