Verstéisst eist aktuellt Telekommunikatiounsgesetz zu Lëtzebuerg an den Ae vun der Regierung konkret géint EU-Recht?

Här President,

 

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizminister an un den Här Minister fir Kommunikatioun a Medie weiderzeleeden.

 

An engem Urteel vum 20. September 2022 erkläert den Europäesche Geriichtshaff (EuGH), dass déi däitsch Vorratsdatenspeicherung géint EU-Recht verstéisst. Telekom Deutschland a Space-Net hate virun den däitsche Geriichter géint hiert Telekommunikatiounsgesetz (TKG) an déi dora virgeschriwwe Flicht, ab dem 17. Juni Verkéiers -a Standortdate vun hire Cliente mussen ze späicheren, geklot. Dëst ass net dat éischt Urteel vum EuGH an dëser Form a betrëfft och Lëtzebuerg, vu dass eist aktuellt Gesetz och esou eng generell Vorratsdatenspeicherung virgesäit.

 

An dësem Kontext wéilte mir folgend Froen un d’Madamm Justizminister an un den Här Minister fir Kommunikatioun a Medie stellen:

 

  • Wéi ee politeschen, juristeschen a prakteschen Impakt huet d‘Urteel vum EuGH fir Lëtzebuerg, wëssend dass et sech net em déi éischt Jurisprudenz an deem Kader handelt?

 

  • Verstéisst eist aktuellt Telekommunikatiounsgesetz zu Lëtzebuerg an den Ae vun der Regierung konkret géint EU-Recht?

 

  • Firwat gëtt esou laang gewaart mam Virleeë vum ugekënnegte Projet de loi zum generelle Späichere vun Donnéeën, obwuel de Probleem scho säit Jore besteet? Wéini ass mam Projet ze rechnen?

 

 

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

 

 

Gilles Roth                                                                      Laurent Mosar

Co-Fraktiounspresident                                                               Deputéierten

 

Zréck