U wéi eng Konditioune ginn d’Autorisatioune fir zum Beispill Bëschcrèchen an Zukunft gebonnen? Gëlle fir d’Bëschcrèchen an Zukunft och d’Virschrëften, dass de Bau op maximal 3 Säite däerf zou sinn?

 

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Ëmweltministesch weider ze leeden.

Op meng mëndlech Fro zu Baute fir pedagogesch Zwecker huet d’Ministesch an der Froestonn vum 2. Mee geäntwert, dass et kee Reglement gëtt wat d’Baute fir pedagogesch Zwecker reegelt, mee just eng Guideline um Internetsitte vum Environnement[1].

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Ministesch stellen:

    • Wéi vill Baute fir pedagogesch Zwecker ginn et, déi des Richtlinnen net erfëllen?
    • Huet den Ëmweltministère respektiv seng  Verwaltungen och esou Baute fir pedagogesch Zwecker? Wann jo – wéi vill Bauten an erfëllen dës déi beschriwwe Konditiounen, zum Beispill, dass de Bau op maximal 3 Säite däerf zou sinn?
    • U wéi eng Konditioune ginn d’Autorisatioune fir zum Beispill Bëschcrèchen an Zukunft gebonnen? Gëlle fir d’Bëschcrèchen an Zukunft och d’Virschrëften, dass de Bau op maximal 3 Säite däerf zou sinn?
    • Op Grond vu wéi engen Erkenntnisser ass dës spezifesch Decisioun (vu maximal 3 zoue Säite) geholl ginn? Ass den Afloss op d’Natur duerch eng zoue Cabanne wesentlech méi grouss, wéi duerch eng Cabanne déi op enger Säit op ass?

 

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéierten

 

 

 

 

 

 

[1] https://environnement.public.lu/content/dam/environnement/documents/natur-erliewen/mir-gin-eraus/FAQ-mir-gin-eraus.pdf

Zréck