Tëschent Éinen an der Hëttermillen kënnt et, trotz den existéierenden Sécherheetsmesuren, ëmmer nees vir, dat Steng aus der Fielswand briechen an eroffalen, an dat zanter dem Remembrement an deem Areal. Ass d’Regierung der Meenung, dat déi zoustänneg Gemeng bei den erfuerderlechen Sécherheetsmoossnamen vum Stat finanziell ënnerstëtzt muss ginn, vu dat de Problem eng Suite vum Remembrement ass?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Landwirtschafts- a Wäibauminister, un d’Madamm Inneministesch an un d’Madamm Finanzministesch weiderzeleeden.

Tëschent Éinen an der Hëttermillen kënnt et, trotz den existéierenden Sécherheetsmesuren, ëmmer nees vir, dat Steng aus der Fielswand briechen an eroffalen, an dat zanter dem Remembrement an deem Areal. Problemer mam Kanal op dëser Plaz verstäerken de Problem nach. An dem Kontext géing ech gär folgend Froen un den Här Landwirtschafts- a Wäibauminister, d’Madamm Inneministesch an un d’Madamm Finanzministesch stellen:

  • Kënnt Dir dës Informatiounen confirméieren?
  • Sidd Dir der Meenung, dat déi zoustänneg Gemeng bei den erfuerderlechen Sécherheetsmoossnamen vum Stat finanziell ënnerstëtzt muss ginn, vu dat de Problem eng Suite vum Remembrement ass?
  • Sinn nach aner Gemengen op der Musel mat änlechen Problemer konfrontéiert?
    • Wa jo, ëm wat fir Gemengen handelt et sech a wat fir Arealer genee sinn vum Steeschlag aus enger Fielswand betraff?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Max Hengel

Deputéierten

Zréck