Stinn an alle Schoulen – am Secondaire an am Fondamental – gratis Hygiènesartikelen zur Verfügung?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un den Här Bildungsminister an un den Här Aarbechtsminister weiderzeleeden.

An der Conclusioun vum Debat public vum 6. Oktober 2021 zur Petitioun 1865 war festgehale ginn, datt sollte gratis Hygiènesartikele fir Fraen a Meedercher an de Schoulen zur Verfügung gestallt ginn. Doriwwereraus hat d’Regierung eng Sensibiliséierungscampagne ugekënnegt fir méi Versteestemech a Respekt op der Aarbecht an an der Schoul fir d’Fraen an d‘Meedercher, wann si hir Regel hunn. An dem Zesummenhang géing ech gär folgend Froen un Här Bildungsminister an un den Här Aarbechtsminister stellen:

  • Ass d’Conclusioun vum Debat public ëmgesat ginn?
    • Wa jo, stinn an alle Schoulen – am Secondaire an am Fondamental – gratis Hygiènesartikelen zur Verfügung?
    • Wéi vill Apparater sinn am ganzen installéiert ginn?
    • Wann nee, wéini gedenkt d’Regierung, d’Conclusioun vum Debat ëmzesetzen?
  • Wéini leeft déi ugekënnegt Sensibiliséierungscampagne un a wéi wäert se ausgesinn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Nancy Arendt, épouse Kemp

Deputéiert

Zréck