Stëmmt et datt Patienten déi Covid positiv sinn an dann eng Invitatioun fir hir Covid-Impfung kréien, oft ënnerschiddlech Informatioune vun hiren Doktere an op der Santé-Hotline kréien ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës drénglech parlamentaresch Fro un den d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Mengen Informatiounen no kréie Patienten déi Covid positiv sinn an dann eng Invitatioun fir hir Covid-Impfung kréien, oft ënnerschiddlech Informatioune vun hiren Doktere wéi op der Santé-Hotline. Esou kënnt et wuel ëfters vir datt d’Patiente vun hirem Hausdokter gerode kréien si sollten sech réischt 3 Méint no der Infektioun impfe loossen, op der Hotline kréien se dann awer gesot si kéinte resp. missten sech direkt impfe loossen. Aner Doktere schwätze vu 6 Woche Waardezäit, nach anerer roden éier 6 Méint no enger Infektioun ze waarden.

Virun dësem Hannergrond wéilt ech der Madamm Gesondheetsminister folgend Froe stellen:

  1. Huet de Ministère fir esou Fäll kloer Consignen un d’Generaliste rausgi resp. och un d’Leit déi op der Hotline de Patiente Ried an Äntwert stinn?
  2. Wa jo, wéi sinn déi beschriwwe Fäll vu widderspréchlechen Informatiounen ze erklären?
  3. Wien huet an esou engem Fall vun ënnerschiddleche Rotschléi fir d’Patienten dat leschte Wuert?
  4. Deelt d’Madamm Minister d’Meenung datt et immens wichteg ass datt hei all déi implizéiert Acteuren déi selwecht Consignë kréien an dës och un d’Patiente weiderginn?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

 

Zréck