Stëmmt et, datt op de Luxair-Flich kee Lëtzebuerger Crémant méi zerwéiert gëtt? Wa jo, wat sinn d’Grënn vun dëser Decisioun zu Ongonschte vum Lëtzebuerger Wäibau?

Här President,

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un déi Häre Ministere fir Mobilitéit a Wäibau weiderzeleeden.

Eisen Informatioun no kréien d’Passagéier op de Flich vun der Luxair amplaz vu Lëtzebuerger Crémant neierdéngs e „Quality White Sparkling Wine“ aus franséischer Produktioun mam Numm „Cuvée Spéciale Luxair“ zerwéiert.

An deem Kontext erlabe mir eis, folgend Froen un déi Häre Ministere fir Mobilitéit a Wäibau ze stellen:

  • Kënnen déi Häre Ministere confirméieren, dass op de Luxair-Flich kee Lëtzebuerger Crémant méi zerwéiert gëtt?
  • Wa jo, wat sinn d’Grënn vun dëser Decisioun zu Ongonschte vum Lëtzebuerger Wäibau?
  • No wéi enge Critèren ass deen neie Produit erausgesicht ginn?
  • A wéi engem Mooss sollen nach aner Lëtzebuerger Produiten, déi op Luxair-Flich zerwéiert ginn, duerch auslännescher ersat ginn?
  • Wëssend, dass d’Luxair e wichtege Vecteur bei der Promotioun vu Lëtzebuerger Produiten ass, wéi eng Alternativen huet d’Regierung virgesinn, fir de Verloscht opzefänken?

Här President, mir bieden Iech, eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Octavie Modert                       Françoise Hetto-Gaasch                     Léon Gloden

Deputéiert                              Deputéiert                                           Deputéierten

Zréck