Stëmmt et datt Olaf schwéier Virwërf géint Frontex erhuewen huet an dass de Verwaltungsrot de 7. Mäerz zesumme kënnt ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro zu de neisten Disziplinarmesuren bei der EU-Grenzschutzagentur Frontex un de Minister fir Immigratioun an Asyl an den Aussen- an Europaminister weider ze leeden.

Laut dem Spiegel huet di Europäesch Behörd fir Bedruchsbekämpfung (Olaf) schwéier Virwërf géint d’Spëtzepersonal vun der EU-Grenzschutzagentur Frontex erhuewen. Sou sollen dräi Leit aus der Frontex-Féierung géint EU-Regularitéite verstouss hunn, wouropshin Olaf dem Verwaltungsrot vu Frontex un d’Häerz geluecht huet Disziplinarmoossnamen ze ergräifen. De 7. Mäerz soll dëse Rot, wou Lëtzebuerg och e Vertrieder stellt, sech zesumme setzen an et zu enger Decisioun kommen. Bei dem Virworf geet et em di bekannten an illegal Pushback-Aktiounen an der griichescher Ägäis, wou Flüchtlinge systematesch vu griichesche Grenzschützer op d’Mier zeréck geschleppt ginn. Bei dësen Aktioune ware Frontex-Agenten zumindest indirekt dra verwéckelt, soudass de Frontex-Chef Leggeri versicht huet laut dem Spiegel ze « Vertuschen », souwéi behaapt huet (och virum dem EU-Parlament) näischt vun dëse Pushbacks ze wëssen a weider wichteg Informatiounen de Grondrechtsbeoptragte vun der Informatiouns-Agentur zeréck behalen huet.

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Regierung stellen:

  • Stëmmen dës Informatiounen, dass Olaf schwéier Virwërf géint Frontex erhuewen huet an dass de Verwaltungsrot de 7. Mäerz zesumme kënnt ?
  • Wa jo, wat ass d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung a wéi soll de Lëtzebuerger Vertrieder ofstëmmen?

Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Paul Galles

Deputéierten

Zréck