Stëmmt et, datt kee Kardiolog vun Ettelbréck, respektiv aus dem Norden, nom 1. Abrëll d‘Méiglechkeet huet, fir eng Koronarografie am INCCI ze maachen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Zanter dem Hierscht ass bekannt, datt et am Centre Hospitalier du Nord e personelle Problem um Niveau vun der Kardiologie gëtt. A menger parlamentarescher Fro 7718 vum 7. Mäerz wollt ech e.a. wëssen, ob d’Konventioun mat de Kardiologen iwwert den 31. Mäerz eraus verlängert gouf. Eisen Informatiounen no soll nom 1. Abrëll kee Kardiolog vun Ettelbréck, respektiv aus dem ganzen Norden, nach d’Méiglechkeet hunn, fir am nationalen Häerzzentrum INCCI Koronarografien duerchzeféieren. An dem Kontext folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Kënnt Dir eis Informatioune confirméieren, datt kee Kardiolog vun Ettelbréck, respektiv aus dem Norden, nom 1. Abrëll d‘Méiglechkeet huet, fir eng Koronarografie am INCCI ze maachen?
    • Wa jo, aus wat fir Ursaachen ass dat net méi méiglech?
    • Wa jo, wien huet dës Decisioun geholl?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck