Stëmmt et datt fräiwëlleg Vertrieder vum CGDIS keen automatescht Recht op extraordinaire Congé hunn, wann se an der Nuecht virdru Permanence an hirem jeeweilege CIS haten an aus dem Grond vill Fraen a Männer den Dag no der Permanence iwwermidd op d’Aarbecht goen mussen ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zum CGDIS un d’Madamm Inneministesch wieder ze leeden.

Laut mengen Informatiounen hunn déi fräiwëlleg Vertrieder vum CGDIS keen automatescht Recht op extraordinaire Congé, wann se an der Nuecht virdru Permanence an hirem jeeweilege CIS haten. Aus dem Grond géinge vill Fraen a Männer den Dag no der Permanence iwwermidd op d’Aarbecht goen, et sief dann si huele sech hiere legale Congé. Dat kann zu enger Rei Problemer féieren.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d’Madamm Ministesch stellen:

  • Kann d’Madamm Ministesch meng Informatioune confirméieren?
  • Wann jo, wéi gedenkt si op dës Situatioun ze reagéieren? Si gesetzlech Upassunge geplangt?
  • Wann jo, mengt d’Madamm Ministesch, et wär nach zäitgemäss dass dës fräiwelleg Leit sech mussen hiere legale Congé huelen fir no engem laangen Asaatz am Sënn vun der Sécherheet vun de Leit kënnen ze récupéréieren ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Françoise Hetto-Gaasch

Deputéiert

Zréck