Stëmmt et, datt et den Ament bal onméiglech ass e Rendezvous fir de Large Scale Test iwwer d’Helpline ze kréie, well d’Telefonslinne komplett iwwerlaascht sinn ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Minister fir Gesondheet weider ze leeden.

Nodeems et ufänglech eng Rei Diskussioune gi war well een net direkt e Rendezvous fir e Large Scale Test (LST) konnt iwwer Telefon ausmaache mee just iwwer de Site www.covidtesting.lu, ass dës Méiglechkeet dono ageriicht ginn an d’Leit konnten sech op der Helpline melle fir hire Rendezvous fir en Test festzeleeën.

Mir gouf elo rezent awer e puermol rapportéiert datt et am Moment bal onméiglech wier e Rendezvous iwwer d’Helpline ze kréie well entweder dauernd all Telefonslinne besat sinn oder ee gesot kritt et géif een zréckgeruff kréien, wat dann awer net de Fall ass. Et muss een also feststellen datt Leit déi keen Internetuschloss hunn oder net esou bewandert an den neie Medie sinn, nach ëmmer benodeelegt si wat den LST ugeet.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

  1. Gin et am Moment Problemer mat der Helpline vum LST?
  2. Wa jo, wéi eng?
  3. Wann nee, wéi erkläert d’Madamm Minister sech déi uewe beschriwwen Informatiounen?
  4. Wat ass an de leschte Méint konkret geschitt fir och de Leit ouni Internetzougang e gudden Accès zum LST an och anere COVID-relevanten-Informatiounen ze garantéieren?
  5. Wat ass an dësem Kontext geplangt fir d’Rendezvouse fir d’Impfunge géint de COVID-19?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck