Stëmmt et datt eng gréisser Lëtzebuerger Consulting Firma fir d’Koordinatioun vun der Covid-Impfcampagne zoustänneg ass ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsminister weider ze leeden.

Laut engem Post op de soziale Medie vun engem Journalist, huet d’Santé confirméiert datt eng gréisser Lëtzebuerger Consulting Firma fir d’Koordinatioun vun der Covid-Impfcampagne zoustänneg ass.

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un d‘Gesondheetsministesch stellen:

  1. Kann d’Madamm Minister des Informatioune confirméieren?
  2. Wa jo, wat sinn d’Modalitéiten an de genauen Objet vum Kontrakt mat der Consulting Firma?
  3. Wéi eng Missiounen huet déi besote Firma genau an Optrag kritt a wat ass de Käschtepunkt vum Optrag?
  4. No wéi enge Critèren ass déi Consulting Firma ausgesicht ginn?
  5. Aus wéi enge Grënn huet d’Regierung decidéiert dës wichteg Etappe am Kampf géint d’Pandemie un eng extern Firma ze outsourcen?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen                                Claude Wiseler

Deputéiert                                         Deputéierten

Zréck