Stëmmt et, datt d‘Traktersbesëtzer eng Opfuederung kruten, fir Steieren op hiren Trakteren ze bezuelen?

Här President,

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Transportministerin an un den Här Finanzminister weiderzeleeden. Wéinst dem Stéchdatum géif ech Iech bieden, hir en Drénglechkeetscharakter zouzeerkennen.

Virum Joreswiessel kruten d‘Bauere vun der Douanes- an Akziseverwaltung eng Opfuederung geschéckt, fir d’Steiere fir hir Trakteren ze bezuelen, dat obwuel landwirtschaftlech Maschinnen net steierflichteg sinn. Eisen Informatiounen no soll et sech dobäi ëm en Iertum vun enger Déngschtstell, der SNCA, handelen. Wéi et an deem Schreiwes heesche géif, wär d’Tax bis den 12. Januar 2024 ze bezuelen.

Dofir wollt ech follgend Froen un d’Madamm Transportminister an un den Här Finanzminister stellen:

  • Stëmmt et, datt d‘Traktersbesëtzer eng Opfuederung kruten, fir Steieren op hiren Trakteren ze bezuelen?
    • Wa jo, wéi vill Formulaire si verschéckt ginn?
  • Kënnt Dir eis Informatioune bestätegen, datt et sech dobäi ëm en Iertum handelt?
  • Wéini a ggf. wéi wäert déi zoustänneg Verwaltung déi betraffe Besëtzer informéieren an hinnen offiziell matdeelen, wat ze maachen ass?
  • Wann et en Iertum ass, a well den Datum vum Verschécken an dee vum Bezuele ganz no beienee leien, an dat iwwer d’Feierdeeg, fënnt d’Regierung et net ubruecht, fir am Virfeld eng offiziell Kommunikatioun, eventuell a Form vun engem Communiqué o.ä., ze maachen, fir déi Betraffe vum richtege Sachverhalt ze informéieren?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Octavie Modert

Deputéiert

Zréck