Stëmmt et, datt an eenzele Klinicke keng Scannere méi gemaach ginn, bis de Patient en negativen Test virweise kann?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

 

Eisen Informatiounen no ginn et zanter dem Enn vun de Covid-Restriktiounen am Fall vun enger Infektioun a verschiddene Klinicken keng Scanneren vun de Longe méi gemaach, bis de Patient en negativen Test virweise kann. Dat wier och de Fall, wann den Hausdokter bei engem méi schwéieren Verlaf e Scanner ordonéiert a wann eng Urgence virläit. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Kënnt Dir eis Informatioune confirméieren, datt an eenzele Klinicke keng Scannere méi gemaach ginn, bis de Patient en negativen Test virweise kann?
    • Wa jo, wéi ass des Mesure begrënnt?
    • Wa jo, wat solle Risiko-Patiente maachen, wou den Hausdokter Scanner-Opname brauch, fir auszeschléissen, datt d’Longen ugegraff sinn?

 

Här President, ech  bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck