Stëmmt et, dass nach keng Congésufroe fir 2023 beim CGDIS accordéiert goufen? Wa jo, aus wéi enge Grënn?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zum CGDIS un d’Madamm Inneministesch weider ze leeden.

D’Madamm Ministesch huet rezent erkläert, dass zënter Ufank des Jores zwou Persounen d’Noutruffzentral 112 verlooss hunn. Weiderhin hätt eng weider Persoun wësse gedoen, datt se wéilt den 112 verloossen.

Eisen Informatiounen no hätten awer zanter Ufank des Joers op mannst sechs Leit den 112 verlooss an eng weider Persoun wësse gedoen, dass se den 112 wéilt verloossen. Méi genau géif d’Situatioun sech folgendermoossen duerstellen:

  • zwee Agenten hätten den 112 an de CGDIS berufflech komplett verlooss;
  • een Agent wier intern am CGDIS gewiesselt a wier elo bei der DCO ; (Direction de la Coordination Opérationnelle)
  • een Agent wier intern am CGDIS gewiesselt a wier elo Chef de service adjoint ginn;
  • een Agent wier intern am CGDIS gewiesselt a wier elo am CIS Findel;
  • een Agent wier intern am CGDIS gewiesselt a wier elo am CSL Lintgen; (Centre de soutien logistique)
  • een Agent géif den 112 an de CGDIS berufflech komplett verloosse fir Ufank 2023.

Weiderhi wieren dräi Agente fir 2023 nëmmen nach deelweis disponibel. Ausserdeem hätt ee weideren Agent (Stagiaire) den Noexame vu sengem Sportstest net gepackt a misst warscheinlech och den 112 verloossen. Donieft wiere sechs weider Agente vum 112 aktiv op der Sich no enger anerer Plaz.

Eisem Wëssen no hätt en Responsabel vum 112 engem Operateur eng «Chef de salle» Plaz proposéiert respektiv versprach, obwuel keng esou Plaz ausgeschriwwe ginn ass.

Vill Agente vum 112 kloen iwwer massiv Iwwerstonnen.  Schlussendlech soll nach keen Agent vum 112 eng Äntwert kritt hunn fir Congésufroen fir 2023.

An deem Kontext wollte mir der Madamm Inneministesch folgend Froe stellen:

  • Kann d’Madamm Ministesch déi uewe genannten Departen beim 112 confirméieren?
  • Wat ass d’Zomme vun all den Iwwerstonnen (CET) vun all den Agente vum 112 zesummen?
  • Stëmmt et, dass nach keng Congésufroe fir 2023 accordéiert goufen? Wa jo, aus wéi enge Grënn?
  • Kann d’Madamm Ministesch bestätegen datt eng «Chef de salle» Plaz versprach gouf, déi nët ausgeschriwwe ginn ass?
  • Wéi vill Plaze goufe bei der leschter Rekrutementssessioun (cadre de base) vum CGDIS ausgeschriwwen?
  • Wéi vill Stagiäre sinn aktuell nach Deel vun dëser Sessioun?

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

Max Hengel

Léon Gloden

Zréck