Steet mëttlerweil en Datum fir den Agrarsommet fest?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 81 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Drénglechkeetsfro un den Här Landwirtschaftsminister weiderzeleeden.

An senger Ried zur Lag vun der Natioun hat de Premierminister Xavier Bettel den 11. Oktober en Agrarsommet ugekënnegt, fir mat de Baueren iwwert d’Zukunft vun der Landwirtschaft ze diskutéieren. De Landwirtschaftsminister Claude Haagen hat schonn de 24. September am Kader vun der RTL-Emissioun „Background am Gespréich“ erkläert, dat dat neit Agrargesetz net ouni Agrarsommet géing gestëmmt ginn. En Datum hat hien deemools awer net genannt. Och misst nach gekläert ginn, wéi eng aner Ministeren dobäi solle sinn. Vu dat dat neit Agrargesetz eventuell am Januar zur Ofstëmmung kënnt, wollt ech folgend Drénglechkeetsfro un den Här Landwirtschaftsminister stellen:

  • Steet mëttlerweil en Datum fir den Agrarsommet fest?
    • Wa jo, wéini a wou soll den Agrarsommet stattfannen?
  • Wat fir Ministeren huelen um Agrarsommet deel?
  • Wat fir Sujete si konkret zréckbehale ginn?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen, Deputéiert

Zréck