Statistike vum LISER : Kommen erëm trimestriell Zuelen a wéini ginn Donneeën “à jour” gesat ?

D’Äntwert op dës Fro fann der ënnert dësem Link :QP1210

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert d’Statistike vum LISER un Madamm Logementsminister weiderzeginn.

An der Äntwert op d’parlamentaresch Fro No 893 iwwer Statistike vum LISER huet Madamm Wunnengsbauministesch präziséiert, dass all Statistike vum “Observatoire de l’Habitat” um «Data Public»-Portal vun der Regierung disponibel wieren. Um Site vum Observatoire de l’Habitat sinn awer Donnéeën, déi um « Data Public »-Portal leider net disponibel sinn, sou zum Beispill Rubrik « Prix annoncés moyens à la location selon le nombre de chambres[1] ». Bei dëser Presentatioun konnt jiddereen deen sech fir de Sujet interesséiert séier an a vollster Transparenz novollzéie wei d’Evolutioun vun der Moyenne vun de Loyers-Präisser pro Trimester hei zu Lëtzebuerg waren.

Dei lescht publizéiert Zuelen datéiere vum 3. Trimester 2017 a goufe leider nach net aktualiséiert. Och sinn déi aktualiséiert Donnéeën net ënnert deem Link[2] ze fannen dee Madamm Wunnengsbauministesch an hirer Äntwert uginn huet. Ausserdeem ginn « Tableaux recapitulatifs » fir « prix annoncé » souwuel vun der Vente wei vun der Locatioun nëmme bis Joer 2016.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un Madamm Logementsminister riichten.

Ass Madamm Wunnengsbauminister gewellt erëm trimesteriell Zuelen ze publizéieren sou wei den Observatoire de l’Habitat dat jorelaang a vollster Transparenz gemaach huet ?
Wéini ginn déi feelend Donnée à jour gesat ?
An dem selwechte Kontext wéilt ech eng zousätzlech Fro un d’Mme Minister stellen iwwert d’Transparenz vun de Verkafspräisser iwwert Immobilieportaler wou d’Agencen sech praktesch an der Evaluatioun vun engem Objet iwwert “eng vente aux enchères” iwwerbidden beim potenzielle Verkafspräis.

Denkt d’Mme Minister drun eventuell wéi an anere Länner op dëser Welt eng Gesetzgebung anzeféieren wou d’Immobilieportaler beim Verkaf vun engem Objet op voll Transparenz mussen setzen a Bezuch op déi viregt Verkafspräisser vun dem selwechten Objet ?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Marc Lies

Deputéierten

 

Zréck