Staat verlount u Gemengen respektiv Gemenge bauen a verlounen un de Staat : Wéi ass déi ablacklech Situatioun, wat kascht et a wat wier den Invest, wann de Staat selwer géif bauen ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech, des parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister an un Madamm Inneminister weider ze leeden.

 

Vill staatlech Gebailechkeete ginn un Gemenge verlount respektiv Gemenge baue fir de Staat a loossen sech dann iwwer laangfristeg Loyers-Kontrakter rembourséieren.

 

An dësem Kontext wollt ech Här Finanzminister an un Madamm Inneminister folgend Froe stellen :

 

·         Wei vill Proprietéiten am Besetz vum Staat sinn am Moment un Gemenge verlount ? Kann Regierung eng Lescht vun dëse Proprietéite pro Gemeng opstellen ?

 

·         Op wei vill Platzen hunn Gemenge Suen investéiert andeem se fir de Staat Gebailechkeete gebaut respektiv renovéiert hunn, Suen dei iwwer laangfristeg Loyers-Kontrakter rembourséiert ginn ?

 

·         Kann Regierung mir Lafdauer an d’Unzuel vu Loyers-Kontrakter tëschent dem Staat a Gemenge matdeelen ?

 

·         Wei héich ass déi budgetär Belaaschtung vun dëse Kontrakter ?

 

·         Wei héich wier den Investment vum Staat gewiescht wann de Staat Projeten déi vun de Gemenge realiséiert gi si selwer hätt misse finanzéieren ?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Marc Spautz

Députéierten

Zréck