D’Spuerkees an d’SNCI envisagéieren hier Participatiounen an eenzele Gesellschaften ze verkafen, ënnert anerem bei Paul Wurth. Wat sinn d’Grënn fir dëse Verkaf?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës urgent parlamentaresch Fro un den Här Finanzminister an un den Här Wirtschaftsminister weiderzeleeden.

Laut Informatiounen déi eis zougedroe gi si, sollen Spuerkees an d’SNCI envisagéieren hier Participatiounen an eenzele Gesellschaften ze verkafen, ënnert anerem bei Paul Wurth.

Mir wéilten dofir folgend urgent Froen un den Här Finanzminister an un den Här Wirtschaftsminister stellen.

  • Kann d’Regierung eis des Informatioune bestätegen?
  • Wa jo, em wat fir eng Gesellschaften handelt et sech hei am präzisen?
  • Wa jo, ginn et präzis Grënn fir dëse Verkaf?
  • Wa jo, wéini soll dëse Verkaf iwwert Bün goen an zu welche finanzielle Konditiounen?
  • Wei gesäit d’Investitiounspolitik vum Lëtzebuerger Staat a vun den Etablissements Publics an Zukunft aus ?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

                   


Laurent Mosar                                          Gilles Roth

Deputéiert

Zréck