Sollt Regierung net iwwerall wou se kann Waasser vu Lëtzebuerger Gesellschaften (Rouspert/Biekerech) zur Verfügung stellen respektiv verkafen ?

Här President,

Sou wéi d’Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, des parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Landwirtschaft an un d’ Madamm Ministesch fir de Konsumenteschutz weiderzeleeden.

 

Mir befannen eis de Moment an enger Zäit an der et gelt, méi op eis Natur an op eise Klima opzepassen.

E grousse Problem stellen do grouss Konzerner duer, déi bei der Hierstellung a Vermaartung vun hire Produiten wéineg Wäert op Klimaschutz leen, dest gëllt virun allem vir den weltgréissten Liewensmettelkonzern, mat Setz an der Schwaiz.

Dese Konzern pompelt virun allem a Südafrika op 11 Standuerter Waasser of, obwuel zanter dem 1. Februar 2019 d’Leit just nach solle 50 Liter Waasser pro Dag verbrauchen, well d’Land de Moment an enger Waasserkris ass. Genau dëst Waasser gëtt do awer en masse ofgepompelt a, wéineg ëmweltfrëndlech, iwwert den hallwe Globus transportéiert.

Och d’Regioun ronderëm Vittel leit ënner dem Ofpompelen vun desem Konzern, a muss Waasser vun Nopeschregioune kréien, well dat eegent Waasser systematesch ofgepompelt gëtt fir dono erëm iwwert den hallwe Globus gefouert ze ginn.

Lokal hu mir zwou Gesellschaften, déi lëtzebuerger Waasser vermaarten, emol zu Rosport an eng zu Biekerecher.

 

An dësem Kontext géife mir gäre folgend Froen un den Här

Gedenkt d’Regierung net, des lokal Gesellschaften z’ënnerstëtzen an a sämtleche vum Staat finanzéierte Kantinnen, dëst Waasser ze verkafen?
Gedenkt d’Regierung och eis Flüchtlingsstrukturen, mat eisem lokale Waasser ze beliwweren?
Wier et net sënnvoll fir eis Ëmwelt, dass de Staat eventuell sämtlech Produiten vun desem Weltkonzern aus ëffentleche Kantinnen erauszehuelen an duerch lokal a regional Produiten ze ersetzten?
Mat déiwem Respekt,

 

 

 

Marc Spautz

Deputeierten

 

Zréck