Sollt net och bei de Führerschäiner fir d’Kategorien C an D (Camion a Bus) e medezineschen Attest vun engem Dokter dat ausschlaggebend Element sinn, ob een de Führerschäin behält oder net?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit weiderzeleeden.

Laut aktueller Gesetzgebung dierf een nom Erreeche vum Alter vu 75 Joer kee Camion a kee Bus méi op der ëffentlecher Strooss beweegen. Déi entspriechend Führerschäiner (Kategorien C an D) verléieren op deem Stéchdag hir Gültegkeet – egal, wéi fit a gesond een nach ass. Den Autosführerschäin (Kategorie B) par conter gëtt op Presentatioun vun engem medezineschen Attest vun engem Dokter iwwer den Alter vu 75 Joer eraus verlängert.

Dës Reegelung fir d’Führerschäiner vun de Kategorien C an D ass zum Nodeel vun deenen eelere Leit, déi beispillsweis e gréissere Camping-Car hunn, fir deen een e Camionsführerschäin brauch. Fir dës Leit bedeit dat, dass si hire Camping-Car vu 75 Joer un net méi dierfe benotzen. Souguer dann net, wa si nach valid genuch wieren, fir e gréissert Gefier ze steieren.

An dësem Kontext  wéilt ech folgend Froen un den Här Mobilitéitsminister stellen :

  • Kann den Här Mobilitéitsminister dës Reglementatioun confirméieren ?
  • Wa jo, a wéi wäit ass den Här Minister der Meenung, dass dës Reegelung nach appropriéiert ass – wëssend, dass d’Leit ëmmer méi al ginn an an der Reegel méi laang fit a gesond bleiwen ?
  • Wéi steet den Här Minister zu där Zwee-Klasse-Gesellschaft, déi mam Erreeche vu 75 Joer  entsteet ? Wann een nach valid genuch ass, dierf een nach Auto fueren, e Camion oder e Bus dierf een awer net méi beweegen, och net zu rekreativen Zwecker.
  • Ass den Här Minister net der Meenung, dass och bei de Führerschäiner fir d’Kategorien C an D (Camion a Bus) e medezineschen Attest vun engem Dokter misst dat ausschlaggebend Element sinn, ob een de Führerschäin behält oder net ?
  • Wat gedenkt den Här Mobilitéitsminister z’ënnerhuelen, fir eeler Leit duerch dës Reegelung net onnéidegerweis an der Gestaltung vun hiren Aktivitéiten anzeschränken ?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Michel Wolter

Deputéierten

Zréck