Här President,
Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden mir Iech, dës dréngend parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Educatioun, Kanner a Jugend weiderzeleeden.
Virum Hannergrond vun der Pandemie hat den Här Educatiounsminister am Dezember A/B Gruppen op den ieweschte Klassen am Secondär fir dat éischt Semester ugekënnegt.
An dësem Kontext wëlle mir folgend Froen un d‘Regierung stellen:
- Sollen d’Klassen och nach no der Fuesvakanz an A/B Gruppen weiderfunktionnéieren?
- Wa jo, wäert dat nëmmen vir déi iewescht Klassen am Secondaire gëllen?
- Falls nee, aus wéi engem Grond?
Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.
Martine Hansen Deputéiert
|
Claude Wiseler Deputéierten |