Soll eng Spekulatiounssteier op Terrainen agefouert ginn ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro iwwert Spekulatioun op de Bauterraine’en un Madamm Inneminister an den Här Staatsminister  weiderzeginn.

 

An der Emissioun „Invitée vun der Redaktioun“ op RTL Radio Lëtzebuerg huet Madamm Inneminister gesot datt eng Spekulatiounssteier nieft der Reform vun der Grondsteier misst komme fir eng national Léisung fir broochleiend Bauland ze fannen.

 

Zu der Problematik vun de eidel stoende Wunnengen an den onbebauten Terrain’en sot den Här Staatsminister a engem « Lëtzebuerger Land » Interview vum 29. November 2019 :

 

«…Ich bin zwar ein liberaler Politiker, aber ich bin der Überzeugung, dass wir eine Spekulationssteuer einführen müssten. Leerstehende Wohnungen müssen progressiv besteuert werden, so dass es den Besitzern schmerzt.

 

Und ungenutztes Bauland?

 

Nein. Das geht mir persönlich zu weit. Die Eigentümer haben möglicherweise Pläne für die Zeit in ihrer Rente, die der Staat ihnen nicht verbauen sollte. Aber ich verschließe mich auch hier keiner Diskussion, warne aber davor, Eigentümer zu, stigmatisieren. »

 

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Fro un Regierung riichten.

 

Kann Regierung informéieren, op am Kader vun der Bekämpfung géint Spekulatioun op Bauterrain’en just d‘Grondsteier soll reforméiert gi fir doduerch broochleiend Bauland anescht ze bewäerten oder soll separat zur Reform vun der Grondsteier och eng national Spekulatiounssteier kommen esou wéi d‘Inneministesch et am Interview op RTL Radio Lëtzebuerg gesot huet ?
Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

 

Marc Lies

Deputéierten

Zréck