Soll de komplette Site nieft der Ackerbauschoul zu Gilsdref reevaluéiert ginn a kéinte weider Verwaltungen am Beräich Landwirtschaft an d’Nordstad kommen ?

Här President,

 

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit bieden ech lech, des parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte weider ze leeden.

 

Aus der Äntwert op Fro Nummer 1670 vum 8. Januar 2020 iwwert de Bau vun engem neie Laboratoire vun der Administration des Services techniques de l’agriculture (ASTA) geet ervir, dass fir dese Bau den initiale Site vun der ASTA zu Gilsdref, nieft der zukünfteger Akerbauschoul, soll reevaluéiert ginn.

 

An dësem Kontext wollt ech dem Här Minister fir Mobilitéit an ëffentlech Aarbechte folgend Froe stellen.

·        Ass Regierung gewellt dee komplette Projet wou och d’Landwirtschaftskummer um Site virgesi war ze reevaluéieren ?

 

·        Wa nee, aus wei enge Grënn ?

 

·        Ass d’Regierung gewëllt am Sënn vun enger Dezentraliséierung, weider Verwaltungen am Beräich vun der Landwirtschaft an d’Nordstad ze implantéieren ?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Martine Hansen

Députéiert

Zréck