Sinn verschidde gesetzlech Reegelen fir d’Betreiuungstrukture net ze strikt? A wéi wëll den Educatiounsministère dem akute Personalmangel entgéintwierken?

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Aus engem Artikel vum 5. Mäerz 2025 aus der nationaler Press geet ervir, dass am Joer 2024 ganzer 175 Betreiungsstrukturen am SEA-Beräich formell gewarnt goufen, well si géint d’Gesetz verstouss hunn.

Déi heefegst Verstéiss hunn d’Unzuel an d’Qualifikatioun vum Personal betraff, d’Iwwerschreide vun der maximal zougeloossener Unzuel vu Kanner oder Verstéiss géint Sécherheets- a Hygienestandarden.

De Secteur kritiséiert virun allem d’Rigiditéit vum „Ratio de qualification“, de Mangel un alternativen Ausbildungsweeër an déi kuerz Friste fir d’Ëmsetzung vu gesetzleche Viraussetzungen.

An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un den Här Educatiounsminister stellen:

  • Opgrond vu wat fir enge Krittäre ginn administrativ Enquêten duerchgefouert?
  • Ass den Delai vun aacht Deeg bis ee Joer realistesch fir sech no enger formeller Warnung ze conforméieren, v.a. well d’Konsequenze fir d’Strukturen (z.B. Entloossunge vu laangjärege Mataarbechter∙innen) gravéierend sinn?
  • Wéi begrënnt de Ministère d’Entscheedung bestëmmte Formatioune vum Personal net unzeerkennen, virun allem wa se am Ausland gemaach gi sinn?
  • Wat fir Moossname plangt de Ministère fir dem akute Personalmangel am Betreiungssecteur entgéintzewierken?
  • Wat fir eng Strategie verfollegt de Ministère fir sécherzestellen, dass d’Betreiung an d’Educatioun vu Kanner net ënnert dëse Bedingunge leiden?

Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.                                        

 

Nathalie MORGENTHALER

Deputéiert

Zréck