Sinn Upassungen am Gesetz geplangt fir Jidderengem am Cadre de Base ee fairen Accés an d´Carrière Ouverte ze erméiglechen, sou wéi vun der SNPPL gefuerdert ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro zu de Karriäre beim CGDIS un d’Madamm Inneministesch an den Här Minister fir d´Fonction publique weider ze leeden.

An engem Communiqué fuerdert de Syndicat National des pompiers professionnels au Luxembourg (SNPPL), dass d´Derogatiounen am Gesetz  vum 27. Mäerz 2018 geholl ginn, fir Jidderengem am Cadre de Base ee fairen Accés an d´Carrière Ouverte ze erméiglechen. Et wär hautdesdaags esou, dass et mat Ausnam vun der Voie Expresse fir keen Beruffspompjee am CGDIS eng Méiglechkeet géing ginn, an e méi héije Groupe de Traitement ze klammen.

Ech wéilt dofir folgend Froen un d’Madamm an den Här Minister stellen:

  • Kënnen déi zwee Ministeren dës Informatioune confirméieren?
  • Wa jo, sinn do Upassungen am Gesetz, sou wéi vun der SNPPL gefuerdert, geplangt?
  • Wann nee, firwat?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Gilles Roth

Deputéierten

Zréck