Sinn hei zu Lëtzebuerg scho Fäll bekannt, wou Kanner ënnert der neier Form vun Hepatitt leiden?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

De 6. Abrëll huet d‘UK Health Security Agency driwer informéiert, dat a Groussbritannien zanter Januar 2022 bei 74 kleng Kanner ënner 10 Joer eng Hepatitt diagnostizéiert gouf, wou d’Ursaach onbekannt ass. Klineschen Analysen no handelt et sech  dobäi ëm keng vun den bekannten Hepatitt-Formen A, B, C, D  oder E.

Den 19. Abrëll huet och de European Centre for Disease Prevention and Control op déi nei Form vun Hepatitt opmierksam gemaach an drop hi gewisen, dat an Dänemark, Irland, Holland a Spuenien ebenfalls Fäll bei Kanner festgestallt goufen.  D’Weltgesondheetsorganisatioun WHO rechent dermat, dat d’Zuel vun den Infektiounen bei Kanner nach wäert klammen.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Gesondheetsministesch stellen:

  • Sinn hei zu Lëtzebuerg scho Fäll bekannt, wou Kanner ënnert der dëser mysteriéiser Form vun Hepatitt leiden?
  • Wann dat de Fall ass, wéi vill Kanner sinn betraff?
  • Wéi gesäit d’Prise en charge vun de Kanner aus ?
  • Gëtt et een Zesummenhang mat enger Covid-Infektioun?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Max Hengel

Deputéierten

Zréck