Sinn d’Zuele vun der Fettleiwegkeet geklomme wärend an no der Pandemie ?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Sport an d’Madamm Gesondheetsministesch weider ze leeden.
Laut der WHO soll all Erwuessener op mannst 2,5 bis 5 Stonnen Sport pro Woch maachen. D’Kanner sollen mindestens 1 Stonn Woch pro Dag maachen. D´sportlech  Aktivitéiten hunn e signifikanten positiven Afloss op di mental a physesch Gesondheet vun de Kanner an hëlleft präventiv Krankheeten wéi Kriibs, Diabetes oder kardiovaskuläre Krankheeten entgéint ze wierken. Och kann de Sport eben verhënneren, dass sech d’Iwwergewiicht bei de Kanner entwéckelt.  An der QP n°5098 huet d’Ministesch geäntwert, dass den Taux vun de Kanner mat Iwwergewiicht nëmmen ganz liicht vun 2019 op 2020 geklommen ass, an deen vun der Adipositas zum Deel méi staark geklommen ass (bei de Kanner am Secondaire).
An Däitschland hunn di 2 Ministere vum Sport an der Gesondheet kierzlech e Plang virgestallt fir dass no der Corona-Pandemie rëm méi Kanner sportlech Aktivitéite maachen. Zu Lëtzebuerg haten mir jo de Plan de Relance 1.0 an de Plan de Relance 2.0 fir de Lëtzebuerger Sport an der Pandemie ze ënnerstëtzen.

An dësem Kontext géif ech gäre folgend Froen un d‘Ministere stellen:
Wéi vill Stonne Sport maachen d’Kanner an der Moyenne pro Woch zu Lëtzebuerg?
Wéi vill Stonne Sport maachen d’Erwuessener an der Moyenne pro Woch zu Lëtzebuerg?
Wou leie mer mat dëse Statistiken am europäesche Vergläich?
Wéi huet sech dat duerchschnëttlech Gewiicht vun de Kanner wärend der Covid.Pandemie entwéckelt? Wéi gesäit et zu Lëtzebuerg mat der Fettleiwegkeet aus, esou wuel bei de Kanner ewéi bei den Erwuessenen?
Huet di Zuel wärend an no der Pandemie zougeholl?
Wann jo wei wëllen d Ministeren dësen Trend stoppen?
Kann de Minister schonn en Bilan zéie wat de Plan de Relance 2.0 ugeet?
Wat war den Impakt vun den zwee Plan de Relance’en, notamment op d’Gesondheet vun de Kanner?
Plangt d’Regierung e weidere Plan de Relance, zum Beispill änlech dem dätsche Modell, fir di Zäit no der Corona-Pandemie?
Här President ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Nancy Arendt
Deputéierten

 

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fannt dir hei :

Réponse QP

Zréck