Sinn der Regierung sait dem Februar 2022 Fäll vum Havanna-Syndrom bei Lëtzebuerger Diplomaten am Ausland wéi och Residante bekannt?

Här President,

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géinge mir Iech bieden, folgend Question parlementaire un d’Madame Gesondheetsministesch, d’Madame Justizministesch an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet wéi och un den Här Staatsminister weiderzeleeden.

An de leschte Jore koum et bei US-Diplomaten am Ausland ëmmer erëm zu Fäll vum sougenannten Havanna-Syndrom. Heibäi handelt et sech em onspezifesch Symptomer ewéi Kappwéi oder Schwindel, déi laut Aschätzung vun den US-Geheimdéngschter geziilt duerch den Asaz vun elektro-magnéitescher Strahlung ausgeléist gi sinn, wéi et an engem Artikel vum Spiegel ze liesen war.

Et ass an dem Zesummenhang, wou mir gär folgend Froen un d’Madame Gesondheetsministesch, d’Madame Justizministesch an un den Här Minister fir bannenzeg Sécherheet wéi och un den Här Staatsminister stelle géingen:

  • Sinn der Regierung zënter der Question parlementaire 5796 vum 22.02.2022 Fäll vum Havanna-Syndrom bei Lëtzebuerger Diplomaten am Ausland wéi och Residante bekannt?
    • Wa jo, wéi vill a wéi konnt de betraffene Persoune gehollef ginn?
  • Hunn d’Lëtzebuerger Autoritéiten sech am selwechtem Zäitraum scho mat Fäll vum Havanna-Syndrom befaasst?
    • Wa jo, wéi oft an mat wat fir enge Conclusiounen?
    • Goufen et an deem Zesummenhang néi Erkenntnisser iwwert den Havanna-Syndrom?
  • Sinn der Regierung Fäll vun illegalem Asetzen vun elektro-magnéitescher Strahlung bekannt a wéi schätz d’Regierung deen domadder verbonnene Risk an?

 

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Martine Hansen

Zréck