Här President,
Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, biede mir Iech, dës parlamentaresch Fro zum Stroumverbrauch un den Här Energieminister weider ze leeden.
An Däitschland huet d’Bundesnetzagentur säit 2024 nei Befugnisser bei der Stéierung vum Stroumnetz. Sou kënnen d’Bedreiwer vun de Niddregspannungsnetzer Wärmepompelen, Wallboxen oder Batteriespäicher mat manner Stroum versuerge fir esou d’Nofro an d’Offer u Stroum am Gläichgewiicht ze halen. Sou kéint een d’Stroumnetz am Noutfall stabiliséieren an an Zukunft kéint een domadder och d’Schwankungen am Stroumnetz minimiséieren. Lescht genannte gedenkt den Institut luxembourgeois de Régulation (ILR) duerch d’Upassung vun der Tarif-Struktur vun de Netzkäschten an der Niddregspannung ab dem 1. Januar 2025, an der Festleeung vum Profil vum Stroumverbrauch innerhalb vun deem sech den Haushaltsverbraucher soll beweege, jo och ze erreechen. Och elo ginn et awer scho Méiglechkeete wéi de Smarty+ mat deenen den Haushalsklient d’Méiglechkeet huet seng Consommatioun – a gegeebenenfalls seng Produktioun – live ze verfollegen an esou säi Stroumverbrauch unzepassen. Fir dëst Ëmzesetze muss de Client awer eng Autorisatioun beim Netzbedreiwer ufroen an dëse Prozess ass onsen Informatiounen no relativ komplizéiert an och net esou einfach wéi op der Internetsäit vu Smarty+ beschriwwen.
An dësem Kontext géife mir gäre follgend Froen un de Minister stellen:
· Sinn déi intelligent Wallboxen, déi nei Generatioun vu Wärmepompelen a vu Batterien (sollten se Stroum aus dem Netz zéien), déi zu Lëtzebuerg am Haushalt agebaut a gefërdert ginn, esou equipéiert, dass se vum Stroumnetzbedreiwer kënne gedrosselt respektiv ausgeschalt ginn?
· Ass dëst zu Lëtzebuerg technesch a legal méiglech duerch déi aktuell Reegelungen déi en place sinn?
· Wann net, wéini wäert dat de Fall sinn a wat muss dofir nach ëmgesat ginn?
· Den Haushalsklient kann net selwer seng Wallbox drosselen oder zäitlech versat an/ausschalten. Hien kann dëst just duerch physesch an/ausschalte maachen. Kann dës zäitlech versat Steierung duerch den Netzbedreiwer op Demande vum Haushalt, z.B. zu festgeluechten Zäitfënsteren ëmgesat ginn?
· Ass sech de Minister der uewe beschriwwener Problematik bezüglech der Ëmsetzung vu Chargy+ bewosst?
· Wann jo, gedenkt de Minister déi aktuell Reegelungen déi en place sinn, unzepasse fir dass den aktiven Haushalsklient beschtméiglechst bei der Participatioun un der Energietransitioun kann ënnerstëtzt ginn?
Här President mir bieden Iech onsen déifste Respekt unzehuelen.
Jean-Paul Schaaf Jeff Boonen
Deputéierten Deputéierten
Hei fannt dir d’Äntwert op dës parlamentaresch Fro :
Réponse1465consommationélectrique
Zréck