Sinn aktuell genuch Bluttkonserven do, fir d’Besoine hei am Land ze decken?

Här President,

 

Esou wéi et am Artikel 80 vum Chambersreglement virgesinn ass, géing ech Iech bieden, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

D’Croix-Rouge huet rezent en Opruff gemaach, fir nei Bluttspender ze rekrutéieren. Wéi aus dem Schreiwes ervirgeet, feelt et am Moment wéinst de Schoulvakanzen a wéinst de ville Feierdeeg un Bluttkonserven.

An dësem Kontext géing ech gär folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen:

  • Sinn aktuell genuch Bluttkonserven do, fir d’Besoine hei am Land ze decken?
  • Ass d’Versuergung mat Bluttkonserven laangfristeg gesechert oder gin et Enkpäss?
  • Ass d’Versuergung fir all Bluttgruppen garantéiert?
  • Hat d’Pandemie Auswierkungen op d’Zuel vun de Bluttspender?
  • Wa jo, wéi gesäit d’Entwécklung an den zwee leschte Joren aus?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

 

Martine Hansen                                    Max Hengel

Deputéiert                                                        Deputéierten

 

Zréck