Här President,
Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Minister fir Famill, Solidaritéit, Zesummeliewen an Accueil weiderzeleeden.
Mengen Informatiounen no sinn a verschidde Centres intégrés pour personnes âgées d’Basiszëmmerpräisser zanter Ufank vum Joer massiv erop gesat ginn. An eenzelnen Haiser läit d’Hausse bei bal 10 Prozent, e.a. am Cipa zu Jonglënster. Dobäi huet d’Chamber de 4. Dezember 2024 mam der « Loi du 13 décembre 2024 portant modification de la loi modifiée du 16 décembre 2022 autorisant l’État à participer au financement du surcoût des produits énergétiques et d’électricité supporté par les centres intégrés pour personnes âgées, maisons de soins, logements encadrés pour personnes âgées et centres psycho-gériatriques agréés en vertu de la loi modifiée du 8 septembre 1998 réglant les relations entre l’État et les organismes œuvrant dans les domaines social, familial et thérapeutique », e Gesetz gestëmmt, dat seet, datt de Staat gezielt d’Hausse vun den Energiekäschte bei de Strukture fir eeler Leit iwwerhëllt, fir ze verhënneren, datt d’Käschten zu Laaschte vun de Pensionäre ginn.
An deem Kontext wéilt ech follgend Froen un den Här Minister stellen:
- Kann den Här Minister confirméieren, datt d’Präisser fir e Basiszëmmer am Cipa zu Jonglënster an der leschte Méint däitlech eropgesat gi sinn?
- Wa jo, wat sinn d’Grënn fir des massiv Hausse, vu datt d’Gesetz vum 13. Dezember ebe grad soll verhënneren, datt d’Energiepräisser zu Laaschte vun de Pensionnaire ginn?
- Koum et och an aneren Haiser zu esou enger massiver Hausse?
- Huet d’Regierung Donnéeën doriwwer, wéi vill Strukturen eng Präiserhéijung applizéiert hunn, déi net un eng Hausse vun den Energiekäschte gebonnen ass?
- Sinn d’Pensionnaire am Virfeld detailléiert informéiert ginn, datt a firwat d’Präisser eropgesat ginn?
- Wat gedenkt den Här Minister ze maachen, wann d’Hausse net sollt konform mam Gesetz sinn?
Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.
Ricardo Marques
Deputéierten
Zréck