Si Freedefeier op ëffentlechen a privaten Terrainen duerch de Couvre-feu verbueden ? Wéi steet d‘Regierung zu de Freedefeier op Silvester ?

D’Äntwert op dës parlamentaresch Fro fann der ënnert dësem Link : QP Freedefeier

 

Här President,

Esou ewéi den Artikel 84 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech dës urgent parlamentaresch Fro un den Här Staatsminister an un d’Madamm Inneministesch weiderzeleeden.

 

Mat de Covid-Gesetzer ass ënnert anerem de Couvre-feu vun 23 bis 6 Auer verlängert ginn. Doriwwer eraus sot d’Madamm Gesondheetsministesch bei der Debatt iwwert d’Verlängerung vum Covid-GEsetz: „Et ass elo net Zäit fir ze feieren.“

An deem Zesummenhang wollt ech dem Här Staatsminister an der Madamm Inneministesch dës Froe stellen :

– Ass mam Couvre-feu och automatesch kloer, datt ee Freedefeier op ëffentlechen a privaten Terrainen duerch dëse Couvre-feu verbueden ass?

– Wéi steet d‘Regierung zu de Freedefeier op Silvester dëst Joer?

– Wéi sollen d’Leit hir Responsabilitéit wouer huelen, wann ee Feierwierkskierper ausserhalb vum Privatterrain ukënnt?

– Ass an dem Sënn eng eenheetlech Positioun, Kommunikatioun a Recommandatioun vun der Regierung un d’Gemengen geplangt, vu datt ëmmer méi Gemenge op hirem Territoire spezifesch elo um Joresenn d’Ofschéisse vu Feierwierkskierper verbidden, dëst aus Grënn vu Sécherheet a Salubritéit, Déiere- an Ëmweltschutz?

 

Mat déiwem Respekt,

Nancy Arendt

Deputéiert

Zréck