Si Consignen un d‘Léierpersonal vun Enseignement précoce a Cycle 1 eraus gaangen, laut deenen d’Kanner, déi wärend dem Unterrecht kee Masque brauchen ze droen, hir Collatioun moies an nomëttes dobausse mussen zou sech huelen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Educatiounsminister weiderzeleeden.

Laut den neie Recommandatioune vum Educatiounsministère sinn d’Kanner an der Grondschoul vum Cycle 2 u gehalen, och wärend dem Unterrecht de Masque als Schutz géint eng weider Verbreedung vum Covid-19-Virus unzehalen. Fir de Cycle 1, déi fréier Spillschoul, a fir den Enseignement précoce gëllt de Port du masque am Klassesall weiderhin net.

Laut mengem Wëssen ass vun den Enseignant-titulairen vu bestëmmte Précoce-Klassen d’Informatioun un d’Eltere gaangen, dass d’Kanner hir Collatioun an Zukunft awer net méi am Klassesall, mee dobaussen am Haff zou sech huele mussen – obwuel d’Kanner jo wärend dem Unterrecht ouni Masque zesummen am Klassesall sëtzen.

An deem Kontext erlaben ech mir, folgend Froen un den Här Educatiounsminister ze stellen:

  • Si Consignen un d‘Léierpersonal vun Enseignement précoce a Cycle 1 eraus gaangen, laut deenen d’Kanner, déi wärend dem Unterrecht kee Masque brauchen ze droen, hir Collatioun moies an nomëttes dobausse mussen zou sech huelen?
  • Wa jo, op der Basis vu wéi engen Elementer ass déi Decisioun geholl ginn, dass d’Kanner mussen dobaussen iessen an drénken, obwuel se ouni Masque zesummen am Klassesall sëtzen?

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

 

Martine Hansen

Deputéiert

Zréck