Sexuelle Mëssbrauch am Sport ass keen Eenzelfall ?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, géif ech Iech bieden folgend parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch an un d’Häre Ministere fir Educatioun, Kanner a Jugend, fir bannenzeg Sécherheet a fir Sport ze stellen.

 

Sexuelle Mëssbrauch kennt vill Gesiichter. Ëmmer nees erreechen eis Nouvellen vu sou Virfäll, och am Sport. An engem rezenten Artikel aus dem Luxemburger Wort, gëtt de Fall vun enger franséische Héichleeschtungssportlerin am Äiskonschtlaf duergeluecht.

 

Am Artikel geet rieds vu jonken Athleten, déi oft eng ganz eng Relatioun mat hirem Trainer, deem och d’Eltere vertrauen, hëlleflos ausgeliwwert sinn. Wann et Matwësser ginn, géifen déi och net agräifen. Et géif eng Aart Omertà herrschen. A virgenanntem Artikel gëtt déi franséisch Psychiaterin, Muriel Salmona mat folgendem Saz zitéiert: „Le sport est un univers surreprésenté dans les cas de violences sexuelles.“

Ech wéilt duerfir folgend Froen un déi virgenannte Ministere riichten:

·         Deelt d’Regierung d’Duerstellung vun der Madame Salmona oder ass d’Regierung der Meenung dat et sech hei just em ee puer eenzel Fäll handelt?

 

·         Wéi vill Fäll vu sexueller Gewalt am Sport sinn de Police- respektiv Justizautoritéiten déi lescht Joren iwwer gemellt ginn? Op wéi een Zäitraum bezéien sech dës Virfäll?

 

·         Wéi vill Persounen goufen am Endeffekt ugeklot a verurteelt? Wéi vill vun deene Persoune si Recidivisten ? Wann een Numm e puer mol fält, ginn da speziell Moossnamen geholl och wann d’Faiten verjährt sinn ?

 

·         Ginn hei net enorm vill Fäll am Donkelen gehalen oder net bekannt, well den Datum fir een unzekloen ofgelaf ass? Wéi héich schätzt d’Regierung d’Donkelziffer an dësem Beräich?

·         Plangt d’Regierung eng Sensibiliséierungscampagne am Beräich sexuelle Mëssbrauch am Sport?

 

·         Den ORK verweist a senge Publikatioun reegelméisseg op eng Publikatioun vun der ONG ECPAT op de sougenannte „référentiel concernant la protection des mineurs contre les violences“. Et ass en Outil, deen sech och u Sportsclibb riicht an deen et de Clibb soll erméiglechen eng Aart Auto-Evaluatioun duerchzeféieren. A wéi fern sinn d’Ministeren der Meenung, dass dëse Referentiel e wichtegen Outil fir d’Sportsclibb kéint duerstellen? Hunn déi eenzel Federatiounen a Clibb Kenntnis vun dësem Referentiel? Gräifen se reegelméisseg op dësen Outil zeréck?

 

·         Wéi oft hunn d’Sportsclibb an d’Federatiounen déi leschte Joren op de Bulletin n°5 vum Casier judiciaire beim Rekrutement vu Leit déi a reegelméissegem Kontakt mat Mannerjärege stinn, zréckgegraff ?

Mat déifstem Respekt,

Nancy Arendt
Députéiert

Zréck