Opriff zum Boykott vu verschiddene grousse Supermarché-Kette wéinst Israeelesche Produiten ?

Hei fannt dir d’Äntwert op dës parlamentaresch Fro :

Réponse1506boycottproduitsisraéliens

 

Här President,

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Justizministesch weiderzeleeden.

Säit Wochen zirkuléieren op de sozialen Netzwierker Opriff zum Boykott vu verschiddene grousse Supermarché-Ketten, well se ë.a. Dattelen a Clementinnen aus Israel verkafen.

Déi Opriff ginn ë.a. symboliséiert duerch schwaarz Lëschten op deenen déi jeeweileg Supermarché-Ketten, an d’israeelesch Produiten déi se verkafen, verëffentlecht ginn. Dernieft kënnt et ëmmer méi dacks vir, dass op déi jeeweileg Produite Stickere gepecht ginn, déi op d‘Hierkonft vum Produit hiweisen an zum Boykott opruffen.

Niewent den Opriff zum Boykott vu verschiddenen israeelesche Produite gesäit een ëmmer méi Stickeren am ëffentleche Raum mat engem no ënne geriichte rouden Dräieck oder och nach Stickeren op deenen Zionismus als Rassismus verdaamt gëtt.

Aus engem Artikel aus dem Spiegel vum Mee geet ervir, dass et sech beim no ënne geriichte rouden Dräieck ëm e Symbol vun der Terrormiliz Hamas handelt. Deemno soll dat Symbol ëmmer méi bei Protester ronderëm Däitschland optauchen. Expertinnen an Experten no gëtt dat Symbol vun der Hamas benotzt fir hir Feinden ze markéieren. Mat deem Zeeche gi Krichsziler an d’jiddesch Communautéit markéiert.

An deem Kontext géif ech gäre follgend Froen un d’Madamm Justizministesch stellen:

  • Ass d’Madamm Ministesch der Meenung, dass dës Opriff zum Boykott oder och nach d’Stickeren ënnert Dispositioune vun der Haassried vum Code pénal falen?
  • Handelt et sech der Ministesch hirer Meenung no hei ëm eng Diskriminatioun opgrond vun der tatsächlecher oder supposéierter Zougehéieregkeet oder Net-Zougehéieregkeet zu enger „Rass“ oder enger Ethnie, resp. ass et eng Benodeelegung opgrond vun der Relioun, an dësem Fall e Virfall vun Antisemitismus?
  • Wéi eng Moossname kënne geholl gi fir d’Affer vun sou engem Boykott ze schützen?

 

Här President, ech bieden Iech dës Froen, mat mengem déifste Respekt unzehuelen.

 

Nathalie MORGENTHALER

Deputéiert

                                                                  

Zréck