Säit 6 Méint sinn Delai de Remboursement der CNS bei minimum 6 Wochen. Wéi steet et de Moment mam recrutement vun neiem Personal?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit bieden mir Iech dës parlamentaresch Fro un den Här Minister social Sécherheet weider ze leeden.

Laut Informatioun vum Repondeur vun der CNS ass den Delai de Remboursement minimum 6 Wochen. En Zoustand deen Säit Uganks dësem Joer unhëlt. Laut Aussoe vum zoustännege Minister vum Mäerz 2022 ass et engersäits bedéngt duerch eng Hausse vun den Demanden, op der anerer Säit e Personalmangel duerch Covid-19 a well Personal intern op aner Posten reaffektéiert goufe fir Digitalisatioun vum System en place ze setzen. Laut CNS gëtt versicht ze rekrutéieren, mee vill Kandidaten entspriechen net ëmmer de gefrote Qualifikatiounen.

An dësem Kontext géife  mir gäre folgend Froen un den Här Minister stellen.

  • Här Minister, säit 6 Méint sinn Delai de Remboursement bei minimum 6 Wochen. Wéi steet et de Moment mam recrutement vun neiem Personal?
  • Wéini geet de Prozess vun der Digitalisatioun virun?
  • Wéini rechent de Minister mat engem méi kuerzem Delai fir d’Remboursementer?

 

Här President, mir bieden Iech eisen déifste Respekt unzehuelen.

 

 

 

Max Hengel                                                             Léon Gloden

Députéiert

 

 

 

Zréck