“Restart Sports”. Wéini ginn d’Hëllefen ausbezuelt a wat geschitt duerno mat den Donneën (Bilan) déi d’Veräiner era reeche mussen?

Här President,

Esou ewéi den Artikel 83 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un den Här Sportminister wieder ze leeden.

Ufank Juni huet de Sportministere de Plang “Restart Sports” virgestallt fir d’Sportfederatiounen an d’Veräiner no der COVID-19 Krise ze ënnerstëtzen. D’Sportveräiner déi bei enger Federatioun affiliéiert sinn, kënnen eng Demande maache fir eng Ënnerstëtzung fir Manifestatiounen déi ausfalen am Kader vun der Pandemie a wouduerch se evidenterweis manner Recetten hunn. Fir dës Ënnerstëtzung vu maximal 3000€ ze kréien, mussen d’Veräiner ënner anerem hir Bilans vun de leschte 5 Joer areechen.

An deem Kontext wéilt ech folgend Froen un d’Regierung stellen:

– Wat geschitt mat den Donnéeën déi d’Veräiner areechen nodeems si eng Ënnerstëtzung accordéiert oder refuséiert kréien?
– Sinn d’Donnéeë fir den exklusive Gebrauch vum Sportministere oder besteet en Austausch mat aneren Administratiounen ? Wa jo, wéi engen an zu wéi engen Zwecker?
– Wëssend datt ganz vill Veräiner momentan finanziell struewelen, wéini gedenkt de Ministere all dës Hëllefen auszebezuelen? Direkt wann d’Demande accordéiert gëtt oder réischt nom Oflaf vun der Deadline fir eng Hëllef unzefroen den 31. Dezember 2020?

Här President, ech bieden Iech mäin déifste Respekt unzehuelen.

Diane Adehm

Deputéiert

 

 

Zréck