Recommandéiert d’Santé eng 5. Impfung, wann déi betreffend Persoun zwar 4 Mol geimpft ass, awer bis elo nach kee Vaccin krut, deen un d’Omikron-Variant ugepasst ass?

Här President,

 

Esou wéi den Artikel 80 vum Chambersreglement et virgesäit, bieden ech Iech, dës parlamentaresch Fro un d’Madamm Gesondheetsministesch weiderzeleeden.

Och wann d‘Pandemie lues a lues zréckgeet, ass d’Impfung weider ganz wichteg. Et ginn awer eng Rei Onkloerheeten, wat d’Zousazimpfungen ubelaangt. An deem Kontext wollt ech folgend Froen un d’Madamm Gesondheetsministesch stellen.

  • Recommandéiert d’Santé eng 5. Impfung, wann déi betreffend Persoun zwar 4 Mol geimpft ass, awer bis elo nach kee Vaccin krut, deen un d’Omikron-Variant ugepasst ass?
    • Wa jo, wat fir Persoune sollen sech eng 5. Kéier impfe loossen?
  • Recommandéiert d’Santé eng 4. Impfung, wann déi betreffend Persoun zwar 3 Mol geimpft ass, awer bis elo nach kee Vaccin krut, deen un d’Omikron-Variant ugepasst ass?
    • Wa jo, wat fir Persoune sollen sech eng 4. Kéier impfe loossen?

 

Här President, ech bieden Iech, mäin déifste Respekt unzehuelen.

Claude Wiseler

Deputéierten

 

Zréck